Author Archives: admin

Staatlech Kontroll

Rennt een an e Bam dee schonn 80 Joer do steet, dann heescht et dee Bam géing schlecht do stoen a misst fort! Passéieren zwéin Accidenter hannereneen op der selwechter Platz, dann heescht et do muss e Radar hin, onbedéngt! Den Drock, deen oft entsteet an den (a)soziale Medien, huet d’Politiker well fest am Grëff an zwéngt si, sou schéngt et, zum puren Aktionismus.

Radare kënnen duerch hire repressive Charakter d’Leit derzou bréngen méi (ze) lues ze fueren do wou se stinn. Dat setzt awer viraus, datt d’Leit deen Ament bei kloerem Verstand sënn. Wann een ze vill gedronk huet, ass dat awer seelen de Fall.

Ech wunnen an engem Quartier, dee bis virun e puer Joer als roueg bekannt war, mee wou an de leschte Joeren d’Caféen wéi Champignonen aus dem Buedem gewuess sënn. Mam Resultat, datt fir t’éischt de Weekend, a mëttlerweil och schonn an der Woch Kaméidi ass bei deem een net méi schlofe kann. Den Dreck läit an de Stroossen, op den Trottoiren an an de Leit hire Virgäert, ganz Gruppen zéie mat Gebrëlls duerch d’Stroossen bis zwou, dräi Auer an der Nuecht an Autosrennen duerch d’ Stroossen (an deenen nëmmen drësseg erlaabt ass) si mëttlerweil ganz beléift. Rifft ee bei der Police un, ass ni eng Patrouille disponibel, a wann dann awer eng Kéier eng kënnt, ass dat eng Stonn méi spéit, wann d’Situatioun erëm eng aner ass. De Problem ass bekannt, am Quartier an doriwwer eraus. Mee konkret gemaach gëtt näischt. D’Gemeng gëtt der Police d’Schold, an d’Police der Gemeng. Resultat: Kee mécht eppes.

Dobäi schéngt et, wéi wann de Problem vun den déidlechen Accidenter duerch Drénken an ze schnell Fueren kee generellen wier, mee ee spezifeschen, verursaacht vun enger (klenger) Minoritéit. E Chauffeur dee voll ass mécht sech weder aus Geschwindegkeetsbegrenzungen nach aus Radaren eppes. Scho guer net wann hien iwwerhaapt kee Führerschäin méi huet an den Auto weder ugemellt nach verséchert ass. Firwat also ginn elo all Autosfuerer bestrooft duerch ëmmer méi Radaren, ëmmer méi Aschränkungen, wann de Problem kee generellen ass? Firwat ginn net déi Wiert bestrooft, déi hier Clienten nach ëmmer weider servéieren, obschonns dës schonn net méi riicht goe kënnen? Stammclienten, vun deenen si genau wëssen, datt se mam Auto do sinn. Jo, vun deene si wahrscheinlech esouguer wëssen, datt si kee Führerschäi méi hunn! Firwat ginn et net méi Kontrollen an, a bei deene Bistroen, déi d’Gesetz net anhalen? Firwat duerfen si ëmmer weider fräi Nuechten halen, d’ Ëffnungszäiten iwwerschreiden an d’Virschrëften iwwert de Kaméidi am ëffentleche Raum net anhalen?
Do ass nämlech d’Platz, wou de Problem entsteet. Do kéint d’Police eppes maachen fir deen nächsten Accident ze verhënneren.

Allerdéngs ass et jo esou vill méi einfach fir d’Allgemengheet anonym ze bestrofen, mat nach méi Radaren an nach méi generelle Kontrollen a Virschrëften, ewéi eenzel Wiert oder eenzel Clienten, vun deene ee villäicht och nach deen een oder anere kennt.

Pastafarianismus

(LOD.lu)

Eigentlech gëtt et dozou net méi ze soen. De Pastafarianismus kënnt, wéi all gutt Saachen, aus den USA, als Parodie op deen do zimlech verbreeten Kreationismus. De Kreationismus, also déi wuertwiertlech Liesart vun der Bibel a speziell vun der Schöpfungsgeschicht, ass eppes wat et bei eis esou kaum méi gëtt.

Hei bei ons kann et also keng Parodie op eng Relioun sënn, mee eigentlech nach just eng Topegkeet.

Dozou muss een awer soen, datt déi Leit, déi eng Petitioun zur Unerkennung vum Pastafarianismus als Relioun ënnerschreiwen, domatter de facto ënnerstëtzen, datt esou eng Topegkeet vum Staat soll finanziell ënnerstëtzt ginn, vun hire Steieren. Wien esou eng Ënnerschrëft aus Protest géint déi etabléiert Reliounen leescht, huet also och net ganz wäit iwwerluecht.

Vun deenen aneren Reliounen a Kierchen am Land kann a wëll ech näischt soen. Wat allerdéngs d’Kathoulesch Kierch ugeet, froen ech mech,  ob déi Leit déi ëmmer lautstaark kritiséieren sech schonn emol iwwerluecht hunn, wéivill Aarbecht hei am Land am soziale Beräich, am Gesondheetssecteur oder och nach an der Entwécklungshëllef vu kathouleschen Organisatiounen oder vum Bistum geleescht gëtt? Oder anescht ausgedréckt, ob gewëssen humanistesch an atheistesch Organisatiounen oder laizistesch Parteien, déi nëmmen géint d’ Kierch wiederen, och nëmmen no bäi esou vill leeschten?

Fanatismus? Aha!

Heiansdo froen ech mech, ob mir hei zu Lëtzebuerg näischt Besseres ze dinn hunn wann ech de Radio lauschteren oder liese wat an der geschriwwener Press zur Aktualitéit gesot oder geschriwwe gëtt.

Do wäerft een engem aneren Fanatismus wier, and deen hëlt deen éischten dann dofir op d ‘Geriicht. Wéi wann eis Justiz net schonns iwwerlaascht wier mat ähnlech topegen Dossieren.

Trotzdem entbiert déi Affär net enger gewësser Ironie. Eng Associatioun, déi sech an der Ëffentlechkeet gären als Associatioun vun Humanisten, Agnostiker an Atheisten bezeechent, beschëllegt eng aner Initiativ, déi fir e Bäibehalen vum Reliounsunterecht als ee méigleche Choix antrëtt, si wieren „reliéis Fanatiker“.

Dat schéngt op den éischte Bléck d’Welt op d’Kopp ze stellen. Awer nëmmen op den éischte Bléck. Kuckt ee méi genee, stellt ee fest, datt déi Associatioun vun, laut eegener Ausso, Humanisten, Agnostiker an Atheisten eigentlech d ‘Interesse vun (an där Reiefolleg) Atheisten, Agnostiker, weltlechen Humanisten, Skeptiker, a-reliéisen an ähnleche Leit vertrëtt, an dofir eng net-reliéis Aart a Weis ze liewen fördert. Eng ganz aktiv Roll also, bal scho missionaresch ze nennen, a wéineg tolerant, wéi et schéngt, géintiwwer Leit mat aneren Usiichten.

Nun, och ech trieden a fir e Choix, an deem de Reliounsunterrecht seng Platz huet. Ech si sécherlech kee reliéise Fanatiker. Dat obschonn och ech Reliounsunterrecht hat a mat de chrëschtlechen Traditiounen opgewuess sënn. Geschuet huet dat mir net. Am Géigendeel, ech schénge mer eiser Geschicht, Kultur an Traditounen méi bewosst, mee trotzdem manner dogmatesch agestallt ze sënn, wéi déi Leit déi sech als Humanisten an als a-reliéis oder esou ähnlech bezeechnen. D ‘Chrëschtentum ass net nëmmen eng Relioun fir mech. Et ass ee wichtegen Deel vun eiser Geschicht, fest verankert an eiser Kultur an an eisen Traditiounen. Net de Buddhismus, net den Hinduismus, an och net den Islam. Och Atheismus, Agnostik an Humanismus hunn net dee selwechten Afloss (gehat). Et bleift jidderengem fräigestallt, ze gleewen oder och net, och wann dat där Associatioun schéngt s net an de Krom passt. Wien ass also méi intolerant, wien méi fanatesch?

Datt sech elo allerdéngs e Geriicht mat där Geschicht befaasse muss, dat ass trauereg. Dat steet och grad esou gutt am Widdersproch zu Toleranz a Meenungsfräiheet wéi den eigentlechen Ursprong vun där Affär, e Shredder an ee Virworf vu reliéisem Fanatismus.

Den zoustännege Minister iwweregens, dee bei där Shredder-Geschicht matgespillt huet, huet eng Geleeënheet verpasst, mat diplomateschen a staatsmänneschen Qualitéiten ze iwwerzeegen.

Do, bei der Politik, läit wuel d’ Kromm an de Heck. Eng Gesellschaft déi ëmmer méi gespléckt ass, där et ëmmer méi un Zesummenhalt feelt, wou et kee mateneen, mee nëmmen nach en niefteneen gëtt (beschtefalls), bräicht aner, besser Politiker. Där, déi parteiiwwergräifend handelen, déi sech iwwert ideologesch Dogmen ewech setzen an d’ Vollek erëm vereenegen. Déi de Spagat tëscht Traditioun engersäits, a Fortschrëtt anerersäits op eng pragmatesch Aart a Weis packen. Esouer, déi d’ Bezeechnung „Staatsmann“ verdéngen a vun deene mer zanter wéinegstens enger Generatioun keng méi gesinn hunn.

Populismus

Besonnesch an der Politik héiert een dat Wuert nawell oft, an ëmmer méi. Et kënnt de Regierungsparteien a -vertrieder ganz liicht iwwert d’Lëpsen, wa si de Virschléi oder der Kritik vun der Oppositioun (meeschtens där vu riets éischter wéi där vu lénks) mat deem Virworf de Wand aus de Seegeln huele wëllen. De Virworf vu Populismus verlangt keng Justifikatioun a brauch keng reell Argumenter. Et kann een dee Virworf einfach am Raum stoe loossen, e wierke loossen.

Et dauert och nie laang bis nach anerer op den Zuch opsprangen, an de sougenannte “sozialen” wéi och den traditionnelle Medien. Erstaunlech wéivill Leit, nach aus enger Chamberdebatt eraus, hier Commentairen via hier perséinlech Konten op soziale Medien “tweeten”, “posten” wéi schockéiert sie sënn wann se eigentlech sollten am Parlament eng objektiv Debatt féieren. Ass dat dann net och eng Form vu Populismus?

Mee wat ass Populismus eigentlech? Ass de Begrëff iwwerhaapt kloer an eendeiteg definéiert? Ass dee Begrëff wierklech ëmmer negativ ze gesinn? Wat fir eng Roll spillen d’Medien hei? Bedreiwen net och si eng Form vu Populismus wa sie dee selwechte Virworf kolportéieren, ouni Erklärung, ouni Kommentar an ouni en ze hannerfroen?

Ech ginn zou, ech si sécher net kompetent eng wëssentschaftlech Debatt zum Thema ze féieren an ech sinn och net dorunner interesséiert. Ass net esou ee Virworf vu Populismus eigentlech en Zeechen vun -gewollter oder ongewollter- Intoleranz? Ass net vläit dee Virworf, dee liichtfankeg awer ganz mediewierksam un anerer geriicht gëtt, déi méi verwerflech Form vu Populismus? Oder ass et awer nëmmen den Ausdrock vun Onwëssenheet an Inkompetenz?

Populismus ass keen Argument u sech. De Virworf vu Populismus ass och meescht kontraproduktiv, well en attakéiert a brüskéiert net nëmmen eng Persoun oder eng Partei, mee all déi Leit déi di selwecht Meenung hunn, ob si se nun ëffentlech vertrieden oder net, a mecht déi Leit doduerch immun géint méiglech objektiv Argumenter.

Wéi schonns bei anere Geleeënheete gesoot, et kann ee keng Politik géint de Wëlle vun de Leit maachen ënnert dem Virwand, dach nëmmen dat Bescht fir d’Leit ze wëllen. E politescht Mandat kënnt vum Vollek a kann an däerf sech dowéinst net géint de Wëlle vum Vollek riichten, soss verléiert et den Usproch demokratesch mandatéiert ze sinn. Et ass och vermessen unzehuelen, et wéisst een als Politiker besser wat fir d’Leit richteg ass, wéi déi Leit déi ee gewielt hunn an déi ee repräsentéiert.
Wann ee säi Wëllen der Majoritéit imposéiert ass dat en Diktat. Grad esou ee Behuelen schaaft Onzefriddenheet, ee Gefill vu Minoritéit iwwer Majoritéit, “Elite” géint Vollek, si géint eis. All Politik, déi sech der direkter Demokratie verschléisst, dréit de Keim vun Diktatur a sech.
Wou soll e Volleksvertrieder an enger Demokratie stoen, op Säiten vun der Majoritéit, oder enger vu Parteidiscipline gesteierter Minoritéit, déi mengt si géing un Hand vun hierer privilegéierter Positioun besser wësse wat gutt a richteg ass?

Ass Populismus, d’Vertriede vu “populären” Iddien déi vun der Majoritéit am Vollek gedroe ginn, forcément schlecht?

Wuestem, oder: Wéi kann ech nach méi laang am Stau stoen?

Stitt Dir och all Dag am Stau ewéi ech?

D’Gemengen uerchter d’Land si Joere laang ënner Drock gesaat ginn, fir weider Terrainen ze erschléissen, wat ausserhalb vun de Stied zu enger massiver Zersidelung vun der Landschaft gefouert huet. Verschidde gréisser Gemengen sinn esouguer besonnesch äifreg virgaangen, an hu per Reglement onbebauten Terrainen esou héich besteiert, datt de betraffene Leit bal näischt anescht wäert iwwreg bleiwen wéi ze verkaafen. Eng onvirstellbar a fir eng Demokratie inakzeptabel Form vun Néidegung, déi un Expropriatioun grenzt.

Déi Leit déi dat gutt fonnt hunn, géing ech bieden, sech folgend Situatioun virzestellen: Dir hutt gespuert a Iech dunn ee Stéck Bauland kaaft, fir spéiderhin, fir är Kanner, egal, an elo musst Der op deem Stéck Buedem Dausenden Euro Steieren am Joer bezuelen!

Kierzlech da gouf schéngt’s realiséiert, datt déi Politik erëm zu zousätzleche Verkéiers- an Infrastrukturproblemer féiert. Well d’Leit zwar iwweralll am Land wunnen, mee oft awer anzwousch anescht, meeschtens an der Stad, schaffen. Mat dem Resultat, datt mer zu Lëtzebuerg net méi mam Auto fueren, mee virun Allem stinn. Am Stau nämlech!

An dann ass jo do nach den ëffentlechen Transport. Bussen déi zu Dosenden hallef eidel mat am Stau stinn. Zich déi et och op kierzeste Strecken net fäerdeg bréngen, pénktlech ze sinn. An den Tram, mat deem verschidde Politiker sech en Denkmal setzen, mee deen eis Verkéiersproblemer, déi national a regional, mee net lokal sënn, net léise wäert.

Ze vill Verkéier ass nun emol ze vill Verkéier, egal wéi ech dat dréinen a kéieren.

Dee Verkéier, déi Leit déi bei ons schaffe kommen, déi brauche mir awer, fir eise Wuestem ze ënnerhalen, fir eenzel Leit nach méi räich ze maachen, fir datt mir nach méi oft, méi wäit a méi exklusiv an d’Vakanz kënne goen, fir mat méi engem héige “Standing” ze wunnen a fir mat nach méi engem décken Auto … am Stau ze stoen.

Erlaabt mer eng Fro: Hutt Dir Kanner? Ech, jo. Meng Kanner maache méch stolz. Sie sënn dat wat no mir bleiwt. Sie sënn et, déi mengem Liewen e méi déiwe Sënn ginn. Net d’ Vakanzen, net den Auto, näischt vun all deene Saachen.

Dofir wëll ech menge Kanner ee Land hannerloossen, an deem et nach Freed mécht ze liewen. Keng Bëtongswüst, keng eenzeg, riesegrouss Industriezon, kee stéckege Ballungszentrum. An dofir sënn ech bereet, op villes ze verzichten. Ech wëll keen iwwerdréinte Wuesstem, deen eis all souwisou just krank mécht.

Meng Kanner si meng Zukunft, an och meng Kanner, an hier Kanner, sollen nach eng Zukunft hunn an eisem Ländchen.

Panama papers, Banken a Besserwësser

Et ass ëmmer erëm interessant ze gesinn an ze héieren, wéi verschidde Leit, Organisatiounen a Parteien hei zu Lëtzebuerg – meeschtens déi selwecht –  d’Banken mat Hexen ze verwiessele schéngen a sech bei all sougenannter Affär, déi bei geneeëm Hikucken allerdéngs oft beschtefalls eng “Affärchen” ass, op en Neits op d’Juegt maachen. An dat mat engem erstaunlechem Äifer. U fundéiertem Wëssen feelt et hinnen souwisou, mee dat brauch een och net fir eppes nozeplapperen, wat anerer, seele méi bewandert, an den übleche Medie scho virgeknaat hunn.

Et ass sécherlech net alles an de Banken esou schéin a propper wéi hier Fassaden. Eng Bank ass nun emol eng Entreprise, där hiert Ziel et ass, Benefice ze maachen, an dat an engem ëmmer méi schwieregen, restriktive Kader.

Dës fläisseg Kritiker awer sollten sech emol froen, wou Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger Economie haut wieren ouni d’ Banken? Wéi mir alleguer géinge liewen ouni d’Steieren, déi d’Banken iwwert d’Joere bezuelt hunn an déi Aarbéchtsplatzen, déi d’Banke geschaaf hunn? Wéivill Suen de Staat wuel kënnt ëmverdeelen ouni déi Steieren? Wéi eis Pensiounen ausgesi géifen? Wéivill vun eis vläit ouni Aarbecht wieren? Wéi héich wier eise Mindestloun, wéivill (manner) Leit an Organisatiounen kênnte wuel (gutt) vu generéiser, staatlecher Ënnerstëtzung liewen, a wéivill manner generéis wier eise Sozialsystem? Leeschtungen, déi deene meeschte vun dëse Kritiker nach net héich genuch sënn, mee déi sie permanent a schnellstens wëllen eropgesaat gesinn.

Ech froe mech jiddefalls all Kéiers, ob dës äifreg Kritiker nëmme schlecht schauspilleren, oder ob sie wierklech esou ahnungslos duerch d’Welt spazéieren?

Integratioun an Immigratioun

En Australier (een “Awanderungsland” also, wann och mat ganz strenge Regelen an den Aen vun eis Europäer) huet mer d‘ lescht Joer gesot, Integratioun géing bedeiten, datt eppes neies an eng bestoend “Uerdnung”, e bestoende Kader, integréiert gëtt. Ouni sécher ze stellen, datt et esou e Kader gëtt, an ouni déi Uerdnung oprecht ze halen, kënnt et deemno keng erfollegräich Integratioun ginn.

Dee bestoende Kader muss also kloer definéiert an aktiv gestäipt ginn. Eng ze schnell Verännerung, zum Beispill duerch eng forcéiert Immigration, sief et aus wirtschaftlechen oder anere Grënn, déi ze vill verschidden Aflëss, ze schnell, mat sech bréngt, kann dee bestoende Kader ganz liicht iwwerfuerderen. D’ Kohäsioun bréckelt, den Zesummenhalt an der Gesellschaft verschwënnt, et bilden sech vill parallel Gesellschaften, niefteneen.
E klengt Land mat engem friddlechen Niefteneen vu verschiddene Gesellschaften mat ganz verschiddene Wäertvirstellungen, ass a mengen Aen eng Utopie. An engem rengen Niewenteneen vu ganz verschiddenen Wäerter, Kulturen a Gesellschaften läit de Fonke fir Sträit an Onrou. Wann et keng Gemeinschaft gëtt, zerfällt d‘ Gesellschaft spéitstens a manner gudden Zäiten, wou bei all Mëssel déi eng mam Fanger op déi aner weisen. Wann sech bis esou Rëss opgedoen hunn, kann nëmme vill Zäit derfir suergen, datt déi eenzel Deeler vun der Gesellschaft erëm zesummewuessen. Mir gesinn iwwerall an op allen Nivauen an der EU, wat geschitt, wann Zäit a Mëttel fir Integratioun an Entwéckelung vu Gemeinsamkeete feelen.
Am Privatsecteur fanne mir et normal, datt et an enger grousser Firma eng gemeinsam Sprooch muss ginn, mat där jiddereen sech gutt verstännege kann. Mir fannen et och normal, datt all nei Employéeën déi Sprooch beherrschen oder léieren a sech doranner ausdrécken, datt se der Firma hir Wäerter unhuelen oder zumindest kennen a respektéieren, datt se sech der Firma hirer Kultur upassen an der Firma hirer Geschicht bewosst sinn. Natierlech léiert d’Firma och vun deenen, déi nei erakommen, iwwert d’Zäit, lues awer sécher. Trotzdem géing keen sech erwaarden, datt d’Firma hier eegen Normen a Wäerter kuerzfristeg verwässert oder hier Sprooch ännert. Sprooch, Betribskultur, Leitwäerter a Firmegeschicht ginn als elementar bei der Integratioun vun neie Mataarbechter ugesinn. Et gi Coursen gehalen fir déi nei Mataarbechter anzeféieren, hinnen d’ Sprooch bäizebréngen. De Respekt vun de Leitwäerter ass keng Optioun, mee eng Obligatioun, ouni déi et keen erfollegräicht Zesummeliewen a -schaffen am Betrib gëtt.
E vereinfachten Zougang zur Nationalitéit an e politescht Matbestëmmungsrecht eleng maache keen zefriddestellende Kader fir eng gelongen Integratioun aus. Eng gelongen Integratioun, grad an engem klenge Land wéi eisem, brauch e kloeren, strikten, gesellschaftleche Kader, eng existéierend Uerdnung mat enger gemeinsamer Sprooch a gemeinsam geliewte Wäerter. Déi gemeinsam Wäerter muss ee kennen a respektéieren, an zumindest zum Deel och liewen. Dat brauch Zäit. Integratioun geet iwwert Generatiounen. Gesellschaftlech Wäerter sinn näischt Abstraktes. Eng gemeinsam Geschicht, gemeinsam Erliefnesser, Traditiounen, all dat gehéiert derzou. Och d’ katholisch Religioun ka vun eiser Geschicht a Kultur net einfach getrennt ginn. Egal wat ee gleeft, egal op een an d ‘Kierch geet oder net, et kann een iwwer dausend Joer vun eiser Geschicht net einfach vum Dësch wëschen.
Mir brauchen eng gemälleg Immigratioun and Integratioun, mat där eis Gesellschaft an hir Wäerter iwwert d’ Zäit an ouni Broch evoluéieren.

Manner ass eben heiando méi.

Meenungsfräiheet oder Beleidegungsfräiheet?

Meenungsfräiheet ass ee Grondrecht. Dorunner gëtt et keen Zweifel.

Mee huet fräi Meenungsäusserung absolut keng Grenzen, sou wéi dat dëser Deeg vun eenzelnen behaapt gouf? Wuel kaum, well all ëffentleche Gebrauch vun engem Grondrecht do muss agegrenzt sënn, wou doduerch engem anere säi Grondrecht géing beschnidde ginn.

Ech si kee Frënd vum Här Erdogan, am Géigendeel, dee Mann ass geféierlech. Ech sinn awer och kee Frënd vum Här Böhmermann. Wat den Här Böhmermann heiando ënnert der Iwwerschrëft Satir inszenéiert ass oft grenzwäerteg, an a mengen Aen weder Satir nach soss eng Form vu Konscht.

Ech wier gespaant, wéi verschidde Leit géinge reagéieren, wann am Här Böhmermann sengem mëttlerweil berüchtegte Gedicht net den Numm Erdogan, mee hieren eegenen Numm géing stoen. Wat mech ugeet, géing ech an deem Fall wahrscheinlech net doriwwer laachen.

Ausseminister warnt viru Referenden

E Referendum ass keen adequat Instrument, fir an enger parlamentarescher Demokratie komplex Froen ze beäntweren.

Esou gouf ee vun eise bekanntesten an unerkanntesten Politiker zitéiert. Eng interessant Ausso. Wann de Wieler an engem Referendum seng Meenung äussert, egal ob zu de Froen am Referendum oder indirekt och nach zu aneren Themen, dann däerf een eppes net vergiessen:  De Wieler huet säi Wëllen ausgedréckt, wat och ëmmer seng Ausso oder seng Motivatioun waren. Dee Wielerwëllen däerf net ignoréiert ginn.

An enger parlamentarëscher Demokratie ass de Referendum dat Instrument, dat dem Wieler erméiglecht, säi Wëllen tëscht zwou Wahlen auszedrécken. Dem Wieler dat Recht ze verwieren, verwiert him d’Recht fir bei wichtegen Themen direkt matzeschwätzen.

Ze soen, datt et net dat richtegt Instrument ass, fir méi komplex Froen ze beäntwerten, kann een awer och als Undeitung verstoen, datt esou komplex Problemer de Wieler iwwerfuerderen.

Op jidde Fall ass esou eng Ausso ondemokratësch an ech Frechheet géintiwwer dem Wieler, en Ausdrock vun Iwwerhieflechkeet an ofgehuewe sinn. D’Politiker wësse  besser (menge sie), wat fir eis richteg ass, wéi mir selwer.

Abee, et gi Länner wou eng méi direkt Demokratie schonns laang fonctionnéiert. Munnechmol sinn déi Äntwerten déi ee vum Vollék kritt net bequem, mee si sinn op jidde Fall ze respektéieren.

Aussoen, déi dem Wieler esou ee Recht verwieren oder hien als net amstand bezeechnen, déi komplex Hannergrënn vun de Froen ze verstoen, si mat Schold drun, datt d’Onzefriddenheet an der Bevölkerung mat der politëscher Klass, oder besser gesoot, mat der politëscher Kast, ëmmer méi grouss gëtt.

Minoritéit a Majoritéit

Eigentlech sënn ech e Mënsch, dee ganz vill Wäert leet op säi Privatliewen. Ech sinn net bei Facebook, an och net bei Twitter, schreiwen och (nach) keng Lieserbréiwer. Schreiwen maachen ech eigentlech nëmme wann ech muss.
Wat ech denken, deelen ech nëmme meng gudde Frënn a Bekannte mat, deene richtegen, net deene virtuellen. Oder hunn dat zumindest bis elo esou gemaach. Wann ech mat hinne schwätzen, mierken ech ëmmer, datt et nach vill aner Leit ginn, déi deeselwecht Usiichten zu ganz ville Sujeten vun der Aktuelitéit hunn ewéi ech. Liesen ech d’Zeitung, lauschteren de Radio oder kucken d’Televisioun, dann hunn ech awer oft den Androck, ech géing -bal- eleng do stoe mat mengen Iwwerzeegungen.
Dat erënnert mech dann erëm un ee Referendum, deen hei zu Lëtzebuerg virun net allze laanger Zäit ofgehaale gouf. Där Referenden hu mer jo net esou vill, an dach schénge verschiddener se ëmmer erëm ganz schnell ze vergiessen. Bei esou Referende si mol 56% eng iwwerleeë staark Majoritéit, mol soll een 80% dach weg net iwwerbewäerten. Lauschtert een eise Politiker no, ass de Referendum iwwerhaapt ee géféierlecht Instrument. Vläicht huet ee jo besser ee Sondage ze froen, an dann dee (richtegen) Echantillon héichzerechnen…
Ech jiddefalls hat keemols den Androck, déi Referenden hätten zu engem méi demokratëschen Ëmgang mat de Leit an hierer Meenung gefouert. Egal wat den Ausgang vu Wahlen oder Referenden ass, geet et scheins nëmmen dorëms, sech duerno d’Réalitéit nees esou zurechtzeleeën, datt dat Ganzt dann erëm beschtens an dat jeeweilegt politëscht Weltbild passt.
Virun e puer Joer huet de Begrëff “Politik-Verdrossenheet” d’Ronn gemaach, an deemols huet dat (ech ginn zou, nëmme kuerz), déi politësch Klass an Europa beonrouhégt. Verwonnerléch ass et schonns, datt dëser Deeg kee méi dat Schlagwuert an de Mond hëlt. Wann ech kucken, wéi Politik ëmmer nach, oder vläit esou guer méi nach wéi virdrun, laanscht de Wëllen vun de Leit gemaach gëtt, da kommen ech net derlaanscht mech ze froen: Wat leeft eigentlech schiif hei zu Lëtzebuerg, hei an Europa? Maachen ech meng Kräizer vläit net däitlech genuch? Ass esou e Kräiz eventuell mëssverständlech? Brauch et vläicht zousätzlech Erklärungen fir net mëssverstanen ze ginn?
Et kann ee mat der Halschent oder der Majoritéit vun de Leit averstane sinn oder och net, mee als gewielte Politiker kann ee se nët ignoréieren, och net da wann déi Majoritéit deejéinegen guer net gewielt huet. Politik maache géint de Wëlle vun de Leit, dat ass dat wat wierklech geféierlech ass. Wann haut de Constat muss gemaach ginn, datt ëmmer méi Wieler an Europa aus der politëscher Mëtt un de Rand ofwanderen, brauch een net laang no den Ursaachen ze sichen. D’Politik huet d’Mëtt vun der Bevölkerung ze laang ignoréiert.