Wuesstem-Landesplanung-Verkéierskonzepter

Wann et eng Thematik gëtt bei där sech d’Konzeptlosegkeet vun der Politik ëmmer erëm weist, dann déi hei.

Et gëtt u Léisunge gebastelt déi, esou verspreechen se all, eis Zukunft besser maache wäerten. Treffe sech op eiser léifster Tëlee, propagéieren munnech abstrus Iddi fir iwwert feelend Léisungen, Courage a Kompetenz ewechzetäuschen, a klappen sech duerno géigesäiteg op d’Schëller. An dat Ganzt mat (ëmmer manner) Iwwerzeegung.

Tram bis op Leideleng: Hëlleft de Leit déi op der Escher Autobunn am Stau stinn iwwerhaapt net, well wann een et bis Leideleng gepackt huet, da rullt et. De Problem läit virdrun: ze vill Opfahrten ze no beieneen (och hei hu mer, de Kierchbierg weist et, näischt bäigeléiert), ze vill Frontalieren, ze vill nei Résidenten, déi am Süde wunnen, mee an der Stad schaffen.

Tram iwwerhaapt: Ass keng Léisung fir déi Leit déi net no um Tracé schaffen. Am Géigendeel, fir vill Leit wäert et eng Verschlechterung sënn, well se eng Kéier méi mussen ëmklammen oder méi wäit zu Fouss goe mussen.

Zäit verléiert een ënmer dann an do, wou een sech net beweegt. Lëtzebuerg ass kleng, d’Strecke fir op d’Aarbecht së relativ kuerz. Wann et (och nëmme lues) rullt, ass een eenegermoosse schnell do. Waat d’Dauer vum Trajet staark eropdréckt ass déi Zäit wou een net rullt, egal op am Zuch, Tram oder Auto. Dat ass also z.B. wann een am Stau steet, mee och wann den Zuch oder Tram stallhält a wann een ëmklammen an op eng Verbindung waarde muss. Wann den Tram mech zwéngt fir eng Kéier méi ëmzeklammen, hunn ech ma liicht 10 min zousätzlech, déi ech verléieren. 10 min, dat ass déi Zäit déi ech op engem net-Schaffdag brauch fir de ganzen Trajet vun Esch bis an d’Stad. Et ass mir dofir onverständlech, datt e Minister stolz ass op eng méiglechst grouss Zuel vu “Pôles d’échange” déi geschaaf ginn.

Datt e méi luese Verkéier besser fléisse kann, wann e méi klengen Ënnerscheed tëscht deenen déi méi schnell oder méi lues fueren net méi zum permanenten Ofbremsen a Gas ginn zwéngt, do brauch ee keng Etuden ze maachen. Et ass evident. Bis eppes geschitt fir déi Evidenz ëmzesetzen, wäert awer nach Joeren daueren. Mir schaafe Pseudo-Velospisten op der Strooss op deenen et liewensgeféierlech fueren ass, verbidden awer och weiderhinn villen E-bikes an Ähnlechem, doropper ze fueren.
Leider brauche mir vill ze laang fir eis der Evolutioun vum Verkéier unzepassen, well mer ëmmer fir déi einfachst Decisiounen op eng Etude, Europäesch Direktiv oder déi nächst Regierung waarde mussen. D’Realisatioun vu Projeten dauert Joerzéngten. Wann da gehandelt gëtt ass d’Situatioun awer erëm eng ganz aner: nei Bauprojete goufem emgesaat, nei Aktivitéitszonen sinn entstanen an, de Verkéiersfloss huet sech verlagert. Gott sei Dank sënn dann awer och nei Regierungen do, déi hiere Virgänger d’Schold fir alles kënne ginn.

Et feelt un engem Gesamtkonzept. Wuesstem produzéiert Verkéier, Wuesstem a Verkéier brauche Landesplanung. Vill Iddie gi lancéiert, veloh, carloh, Liften, mam Velo op d’Schaff asw, déi fir Minoritéiten duerchaus interessant kënne sënn. D’Majoritéit awer, déi gëtt wéi ëmmer am Stach gelooss, well et fir d’Majoriritéit keng esou einfach Léisunge gëtt. Léisunge fir d’Majoritéit fannen, dat erfuerdert Kompetenz.