Monthly Archives: June 2016

Staatlech Kontroll

Rennt een an e Bam dee schonn 80 Joer do steet, dann heescht et dee Bam géing schlecht do stoen a misst fort! Passéieren zwéin Accidenter hannereneen op der selwechter Platz, dann heescht et do muss e Radar hin, onbedéngt! Den Drock, deen oft entsteet an den (a)soziale Medien, huet d’Politiker well fest am Grëff an zwéngt si, sou schéngt et, zum puren Aktionismus.

Radare kënnen duerch hire repressive Charakter d’Leit derzou bréngen méi (ze) lues ze fueren do wou se stinn. Dat setzt awer viraus, datt d’Leit deen Ament bei kloerem Verstand sënn. Wann een ze vill gedronk huet, ass dat awer seelen de Fall.

Ech wunnen an engem Quartier, dee bis virun e puer Joer als roueg bekannt war, mee wou an de leschte Joeren d’Caféen wéi Champignonen aus dem Buedem gewuess sënn. Mam Resultat, datt fir t’éischt de Weekend, a mëttlerweil och schonn an der Woch Kaméidi ass bei deem een net méi schlofe kann. Den Dreck läit an de Stroossen, op den Trottoiren an an de Leit hire Virgäert, ganz Gruppen zéie mat Gebrëlls duerch d’Stroossen bis zwou, dräi Auer an der Nuecht an Autosrennen duerch d’ Stroossen (an deenen nëmmen drësseg erlaabt ass) si mëttlerweil ganz beléift. Rifft ee bei der Police un, ass ni eng Patrouille disponibel, a wann dann awer eng Kéier eng kënnt, ass dat eng Stonn méi spéit, wann d’Situatioun erëm eng aner ass. De Problem ass bekannt, am Quartier an doriwwer eraus. Mee konkret gemaach gëtt näischt. D’Gemeng gëtt der Police d’Schold, an d’Police der Gemeng. Resultat: Kee mécht eppes.

Dobäi schéngt et, wéi wann de Problem vun den déidlechen Accidenter duerch Drénken an ze schnell Fueren kee generellen wier, mee ee spezifeschen, verursaacht vun enger (klenger) Minoritéit. E Chauffeur dee voll ass mécht sech weder aus Geschwindegkeetsbegrenzungen nach aus Radaren eppes. Scho guer net wann hien iwwerhaapt kee Führerschäin méi huet an den Auto weder ugemellt nach verséchert ass. Firwat also ginn elo all Autosfuerer bestrooft duerch ëmmer méi Radaren, ëmmer méi Aschränkungen, wann de Problem kee generellen ass? Firwat ginn net déi Wiert bestrooft, déi hier Clienten nach ëmmer weider servéieren, obschonns dës schonn net méi riicht goe kënnen? Stammclienten, vun deenen si genau wëssen, datt se mam Auto do sinn. Jo, vun deene si wahrscheinlech esouguer wëssen, datt si kee Führerschäi méi hunn! Firwat ginn et net méi Kontrollen an, a bei deene Bistroen, déi d’Gesetz net anhalen? Firwat duerfen si ëmmer weider fräi Nuechten halen, d’ Ëffnungszäiten iwwerschreiden an d’Virschrëften iwwert de Kaméidi am ëffentleche Raum net anhalen?
Do ass nämlech d’Platz, wou de Problem entsteet. Do kéint d’Police eppes maachen fir deen nächsten Accident ze verhënneren.

Allerdéngs ass et jo esou vill méi einfach fir d’Allgemengheet anonym ze bestrofen, mat nach méi Radaren an nach méi generelle Kontrollen a Virschrëften, ewéi eenzel Wiert oder eenzel Clienten, vun deene ee villäicht och nach deen een oder anere kennt.

Pastafarianismus

(LOD.lu)

Eigentlech gëtt et dozou net méi ze soen. De Pastafarianismus kënnt, wéi all gutt Saachen, aus den USA, als Parodie op deen do zimlech verbreeten Kreationismus. De Kreationismus, also déi wuertwiertlech Liesart vun der Bibel a speziell vun der Schöpfungsgeschicht, ass eppes wat et bei eis esou kaum méi gëtt.

Hei bei ons kann et also keng Parodie op eng Relioun sënn, mee eigentlech nach just eng Topegkeet.

Dozou muss een awer soen, datt déi Leit, déi eng Petitioun zur Unerkennung vum Pastafarianismus als Relioun ënnerschreiwen, domatter de facto ënnerstëtzen, datt esou eng Topegkeet vum Staat soll finanziell ënnerstëtzt ginn, vun hire Steieren. Wien esou eng Ënnerschrëft aus Protest géint déi etabléiert Reliounen leescht, huet also och net ganz wäit iwwerluecht.

Vun deenen aneren Reliounen a Kierchen am Land kann a wëll ech näischt soen. Wat allerdéngs d’Kathoulesch Kierch ugeet, froen ech mech,  ob déi Leit déi ëmmer lautstaark kritiséieren sech schonn emol iwwerluecht hunn, wéivill Aarbecht hei am Land am soziale Beräich, am Gesondheetssecteur oder och nach an der Entwécklungshëllef vu kathouleschen Organisatiounen oder vum Bistum geleescht gëtt? Oder anescht ausgedréckt, ob gewëssen humanistesch an atheistesch Organisatiounen oder laizistesch Parteien, déi nëmmen géint d’ Kierch wiederen, och nëmmen no bäi esou vill leeschten?