Besonnesch an der Politik héiert een dat Wuert nawell oft, an ëmmer méi. Et kënnt de Regierungsparteien a -vertrieder ganz liicht iwwert d’Lëpsen, wa si de Virschléi oder der Kritik vun der Oppositioun (meeschtens där vu riets éischter wéi där vu lénks) mat deem Virworf de Wand aus de Seegeln huele wëllen. De Virworf vu Populismus verlangt keng Justifikatioun a brauch keng reell Argumenter. Et kann een dee Virworf einfach am Raum stoe loossen, e wierke loossen.
Et dauert och nie laang bis nach anerer op den Zuch opsprangen, an de sougenannte “sozialen” wéi och den traditionnelle Medien. Erstaunlech wéivill Leit, nach aus enger Chamberdebatt eraus, hier Commentairen via hier perséinlech Konten op soziale Medien “tweeten”, “posten” wéi schockéiert sie sënn wann se eigentlech sollten am Parlament eng objektiv Debatt féieren. Ass dat dann net och eng Form vu Populismus?
Mee wat ass Populismus eigentlech? Ass de Begrëff iwwerhaapt kloer an eendeiteg definéiert? Ass dee Begrëff wierklech ëmmer negativ ze gesinn? Wat fir eng Roll spillen d’Medien hei? Bedreiwen net och si eng Form vu Populismus wa sie dee selwechte Virworf kolportéieren, ouni Erklärung, ouni Kommentar an ouni en ze hannerfroen?
Ech ginn zou, ech si sécher net kompetent eng wëssentschaftlech Debatt zum Thema ze féieren an ech sinn och net dorunner interesséiert. Ass net esou ee Virworf vu Populismus eigentlech en Zeechen vun -gewollter oder ongewollter- Intoleranz? Ass net vläit dee Virworf, dee liichtfankeg awer ganz mediewierksam un anerer geriicht gëtt, déi méi verwerflech Form vu Populismus? Oder ass et awer nëmmen den Ausdrock vun Onwëssenheet an Inkompetenz?
Populismus ass keen Argument u sech. De Virworf vu Populismus ass och meescht kontraproduktiv, well en attakéiert a brüskéiert net nëmmen eng Persoun oder eng Partei, mee all déi Leit déi di selwecht Meenung hunn, ob si se nun ëffentlech vertrieden oder net, a mecht déi Leit doduerch immun géint méiglech objektiv Argumenter.
Wéi schonns bei anere Geleeënheete gesoot, et kann ee keng Politik géint de Wëlle vun de Leit maachen ënnert dem Virwand, dach nëmmen dat Bescht fir d’Leit ze wëllen. E politescht Mandat kënnt vum Vollek a kann an däerf sech dowéinst net géint de Wëlle vum Vollek riichten, soss verléiert et den Usproch demokratesch mandatéiert ze sinn. Et ass och vermessen unzehuelen, et wéisst een als Politiker besser wat fir d’Leit richteg ass, wéi déi Leit déi ee gewielt hunn an déi ee repräsentéiert.
Wann ee säi Wëllen der Majoritéit imposéiert ass dat en Diktat. Grad esou ee Behuelen schaaft Onzefriddenheet, ee Gefill vu Minoritéit iwwer Majoritéit, “Elite” géint Vollek, si géint eis. All Politik, déi sech der direkter Demokratie verschléisst, dréit de Keim vun Diktatur a sech.
Wou soll e Volleksvertrieder an enger Demokratie stoen, op Säiten vun der Majoritéit, oder enger vu Parteidiscipline gesteierter Minoritéit, déi mengt si géing un Hand vun hierer privilegéierter Positioun besser wësse wat gutt a richteg ass?
Ass Populismus, d’Vertriede vu “populären” Iddien déi vun der Majoritéit am Vollek gedroe ginn, forcément schlecht?