En Australier (een “Awanderungsland” also, wann och mat ganz strenge Regelen an den Aen vun eis Europäer) huet mer d‘ lescht Joer gesot, Integratioun géing bedeiten, datt eppes neies an eng bestoend “Uerdnung”, e bestoende Kader, integréiert gëtt. Ouni sécher ze stellen, datt et esou e Kader gëtt, an ouni déi Uerdnung oprecht ze halen, kënnt et deemno keng erfollegräich Integratioun ginn.
Dee bestoende Kader muss also kloer definéiert an aktiv gestäipt ginn. Eng ze schnell Verännerung, zum Beispill duerch eng forcéiert Immigration, sief et aus wirtschaftlechen oder anere Grënn, déi ze vill verschidden Aflëss, ze schnell, mat sech bréngt, kann dee bestoende Kader ganz liicht iwwerfuerderen. D’ Kohäsioun bréckelt, den Zesummenhalt an der Gesellschaft verschwënnt, et bilden sech vill parallel Gesellschaften, niefteneen.
E klengt Land mat engem friddlechen Niefteneen vu verschiddene Gesellschaften mat ganz verschiddene Wäertvirstellungen, ass a mengen Aen eng Utopie. An engem rengen Niewenteneen vu ganz verschiddenen Wäerter, Kulturen a Gesellschaften läit de Fonke fir Sträit an Onrou. Wann et keng Gemeinschaft gëtt, zerfällt d‘ Gesellschaft spéitstens a manner gudden Zäiten, wou bei all Mëssel déi eng mam Fanger op déi aner weisen. Wann sech bis esou Rëss opgedoen hunn, kann nëmme vill Zäit derfir suergen, datt déi eenzel Deeler vun der Gesellschaft erëm zesummewuessen. Mir gesinn iwwerall an op allen Nivauen an der EU, wat geschitt, wann Zäit a Mëttel fir Integratioun an Entwéckelung vu Gemeinsamkeete feelen.
Am Privatsecteur fanne mir et normal, datt et an enger grousser Firma eng gemeinsam Sprooch muss ginn, mat där jiddereen sech gutt verstännege kann. Mir fannen et och normal, datt all nei Employéeën déi Sprooch beherrschen oder léieren a sech doranner ausdrécken, datt se der Firma hir Wäerter unhuelen oder zumindest kennen a respektéieren, datt se sech der Firma hirer Kultur upassen an der Firma hirer Geschicht bewosst sinn. Natierlech léiert d’Firma och vun deenen, déi nei erakommen, iwwert d’Zäit, lues awer sécher. Trotzdem géing keen sech erwaarden, datt d’Firma hier eegen Normen a Wäerter kuerzfristeg verwässert oder hier Sprooch ännert. Sprooch, Betribskultur, Leitwäerter a Firmegeschicht ginn als elementar bei der Integratioun vun neie Mataarbechter ugesinn. Et gi Coursen gehalen fir déi nei Mataarbechter anzeféieren, hinnen d’ Sprooch bäizebréngen. De Respekt vun de Leitwäerter ass keng Optioun, mee eng Obligatioun, ouni déi et keen erfollegräicht Zesummeliewen a -schaffen am Betrib gëtt.
E vereinfachten Zougang zur Nationalitéit an e politescht Matbestëmmungsrecht eleng maache keen zefriddestellende Kader fir eng gelongen Integratioun aus. Eng gelongen Integratioun, grad an engem klenge Land wéi eisem, brauch e kloeren, strikten, gesellschaftleche Kader, eng existéierend Uerdnung mat enger gemeinsamer Sprooch a gemeinsam geliewte Wäerter. Déi gemeinsam Wäerter muss ee kennen a respektéieren, an zumindest zum Deel och liewen. Dat brauch Zäit. Integratioun geet iwwert Generatiounen. Gesellschaftlech Wäerter sinn näischt Abstraktes. Eng gemeinsam Geschicht, gemeinsam Erliefnesser, Traditiounen, all dat gehéiert derzou. Och d’ katholisch Religioun ka vun eiser Geschicht a Kultur net einfach getrennt ginn. Egal wat ee gleeft, egal op een an d ‘Kierch geet oder net, et kann een iwwer dausend Joer vun eiser Geschicht net einfach vum Dësch wëschen.
Mir brauchen eng gemälleg Immigratioun and Integratioun, mat där eis Gesellschaft an hir Wäerter iwwert d’ Zäit an ouni Broch evoluéieren.
Manner ass eben heiando méi.