Et ass ëmmer erëm interessant ze gesinn an ze héieren, wéi verschidde Leit, Organisatiounen a Parteien hei zu Lëtzebuerg – meeschtens déi selwecht – d’Banken mat Hexen ze verwiessele schéngen a sech bei all sougenannter Affär, déi bei geneeëm Hikucken allerdéngs oft beschtefalls eng “Affärchen” ass, op en Neits op d’Juegt maachen. An dat mat engem erstaunlechem Äifer. U fundéiertem Wëssen feelt et hinnen souwisou, mee dat brauch een och net fir eppes nozeplapperen, wat anerer, seele méi bewandert, an den übleche Medie scho virgeknaat hunn.
Et ass sécherlech net alles an de Banken esou schéin a propper wéi hier Fassaden. Eng Bank ass nun emol eng Entreprise, där hiert Ziel et ass, Benefice ze maachen, an dat an engem ëmmer méi schwieregen, restriktive Kader.
Dës fläisseg Kritiker awer sollten sech emol froen, wou Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger Economie haut wieren ouni d’ Banken? Wéi mir alleguer géinge liewen ouni d’Steieren, déi d’Banken iwwert d’Joere bezuelt hunn an déi Aarbéchtsplatzen, déi d’Banke geschaaf hunn? Wéivill Suen de Staat wuel kënnt ëmverdeelen ouni déi Steieren? Wéi eis Pensiounen ausgesi géifen? Wéivill vun eis vläit ouni Aarbecht wieren? Wéi héich wier eise Mindestloun, wéivill (manner) Leit an Organisatiounen kênnte wuel (gutt) vu generéiser, staatlecher Ënnerstëtzung liewen, a wéivill manner generéis wier eise Sozialsystem? Leeschtungen, déi deene meeschte vun dëse Kritiker nach net héich genuch sënn, mee déi sie permanent a schnellstens wëllen eropgesaat gesinn.
Ech froe mech jiddefalls all Kéiers, ob dës äifreg Kritiker nëmme schlecht schauspilleren, oder ob sie wierklech esou ahnungslos duerch d’Welt spazéieren?