Monthly Archives: October 2016

Kierchefabrécken

Nach eng Petitioun déi een ënnerstëtze sollt.

Villes gouf heizou schonns geschriwwen, speziell an den (a)soziale Medien an ob de beschtbekannten Noriichtesitten op Internet.

Déi meescht vun dëse Kommentaren sinn offensichtlech absolut onbeaflosst vu iergendwelchem Sachverstand. Wann Ignoranten ënnert sech diskutéieren erhiewen se hier Onwëssenheet zur Fachkenntnes.

Tatsaach ass, datt iwwert d’Joerzéngten vill Lëtzebuerger “hierer” Kierchefabréck Donen a Schenkunge gemaach hunn, well si wollten, datt déi fir den Erhalt vun “hierer” Duerfkierch an “hierer” Par, wou si begruewe sinn, géinge benotzt ginn. Hätten déi Leit gewollt, datt de Bistum dat kréich, dann hätte si dem Bistum déi Donen a Schenkunge direkt selwer maache kënnen. Hei plangt eis Regierung also net nëmmen d’Kierchefabrécken ze enteegenen, mee Regierung a Bistum féiere déi Donen esou och nach engem aneren Zweck zou wéi dat vun de Leit gewollt war.

All dat aus reng ideologeschen Iwwerleeungen vun enger Partei, déi nëmmen ee Fënneftel vun de Wielerstëmme krut.

http://chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=795

Spaassgesellschaft

Vun der Schivakanz op deen een oder anere Citytrip, duerno Päischtcroisière an eng méiglechst exotesch a laang Summervakanz. Fir d’Zäit dertëscht besser ze iwwerbrécken a sech -kuerz- un dat grad Erlieftent ze erënneren, ass déi eng oder aner Aprèsski, Beach-, Ballermannparty oder Oktoberfest-Imitatioun heiheem e Must. Wien et léiwer méi elitär a manner pöbelhaft huet muss natierlech éischter op engem Golf-, Pärds- oder Poloturnéier gesi ginn.

Schnell nach déi leschte Biller an Erliefnesser posten a sech iwwert vill “Likes” freeën. Esou gëtt et d’ganzt Joer iwwer Spaass fir jiddereen. Mir sinn eng Spaassgesellschaft. Wat kee Spaass mecht muss verdrängt ginn. Mir wëllen eis jo keng Gedanken, a scho guer keng Suerge misse maachen. Am beschten also wann dofir guer keng Zäit bleift. Wann deen nächsten Highlight ëmmer scho kuerz bevirsteet. Liewen am Hei an Elo, d’Vergaangenheet ass weder wichteg nach interessant, d’Zukunft interesséiert nëmme wann et drëm geet deen nächsten Highlight ze plangen.

Net ze vergiessen: Heiando nach en Intelligenz- a Kompetenzbefreite Kommentar zu iergend engem Sujet op RTL.lu ofginn, wat e Stress! D’Liewen zu Lëtzebuerg ass jo esou eppes vun ustrengend fir en engagéierte Bierger!

“Dekadenz: kultureller Niedergang mit typischen Entartungserscheinungen in den Lebensgewohnheiten und Lebensansprüchen; Verfall, Entartung”
(Duden)