Mir stellen eisen demokratesche Modell anere gären als Virbild dohinner. Dobäi bewege mir eis schläichend zanter laange Joeren ëmmer méi ewech vun deem wat Demokratie bedeit.
Weltstrategesch Decisioune gi vum G20 geholl, engem Muechtorgan dat jeglecher, demokratescher Legitimitéit entbiert.
Europawichteg Decisioune ginn zu Bréissel geholl, vun engem Ministerrot, deen iwwert dee Wee déi demokratesch Prozesser a kritesch Froen an den eenzelne Länner emgoe kann, a ginn dann ëmgesaat vun enger Kommissioun déi kee vun eis gewielt huet. Wie schwätzt haut nach vu Subsidiaritéit?
Hei am Land fanne sech an eiser Regierung ëmmer méi Leit ouni demokratesch Legitimatioun, an an eiser Chamber sëtzen dank dem Noréckelen ëmmer nach Leit, déi eigentlech ofgewielt goufen. Dir kënnt wiele wien der wëllt, skrupelos Politiker bastele sech eng « fake » Legitimatioun an e Programm zesummen, dee kee vun eis esou wollt.
Déi allgemeng Fräiheeten vun der grousser Majoritéit vun der Populatioun ginn ënnert den Virwand vun néidege Mesuren, fir géint Verstéiss vun eenzelen virzegoen, ëmmer méi duerch Gesetzer, Reglementer a Kontrollen ageschränkt, amplaz dat kriminellt Behuele vun enger Minoritéit ofschreckend ze bestrofen.
De private Besëtz, ee vun de Pilieren vun enger fräier Gesellschaft, kënnt ëmmer méi ënner Drock.
D’Diktatur vum grénge Sozialismus steet virun der Dir.