E Referendum ass keen adequat Instrument, fir an enger parlamentarescher Demokratie komplex Froen ze beäntweren.
Esou gouf ee vun eise bekanntesten an unerkanntesten Politiker zitéiert. Eng interessant Ausso. Wann de Wieler an engem Referendum seng Meenung äussert, egal ob zu de Froen am Referendum oder indirekt och nach zu aneren Themen, dann däerf een eppes net vergiessen: De Wieler huet säi Wëllen ausgedréckt, wat och ëmmer seng Ausso oder seng Motivatioun waren. Dee Wielerwëllen däerf net ignoréiert ginn.
An enger parlamentarëscher Demokratie ass de Referendum dat Instrument, dat dem Wieler erméiglecht, säi Wëllen tëscht zwou Wahlen auszedrécken. Dem Wieler dat Recht ze verwieren, verwiert him d’Recht fir bei wichtegen Themen direkt matzeschwätzen.
Ze soen, datt et net dat richtegt Instrument ass, fir méi komplex Froen ze beäntwerten, kann een awer och als Undeitung verstoen, datt esou komplex Problemer de Wieler iwwerfuerderen.
Op jidde Fall ass esou eng Ausso ondemokratësch an ech Frechheet géintiwwer dem Wieler, en Ausdrock vun Iwwerhieflechkeet an ofgehuewe sinn. D’Politiker wësse besser (menge sie), wat fir eis richteg ass, wéi mir selwer.
Abee, et gi Länner wou eng méi direkt Demokratie schonns laang fonctionnéiert. Munnechmol sinn déi Äntwerten déi ee vum Vollék kritt net bequem, mee si sinn op jidde Fall ze respektéieren.
Aussoen, déi dem Wieler esou ee Recht verwieren oder hien als net amstand bezeechnen, déi komplex Hannergrënn vun de Froen ze verstoen, si mat Schold drun, datt d’Onzefriddenheet an der Bevölkerung mat der politëscher Klass, oder besser gesoot, mat der politëscher Kast, ëmmer méi grouss gëtt.