Minoritéit a Majoritéit

Eigentlech sënn ech e Mënsch, dee ganz vill Wäert leet op säi Privatliewen. Ech sinn net bei Facebook, an och net bei Twitter, schreiwen och (nach) keng Lieserbréiwer. Schreiwen maachen ech eigentlech nëmme wann ech muss.
Wat ech denken, deelen ech nëmme meng gudde Frënn a Bekannte mat, deene richtegen, net deene virtuellen. Oder hunn dat zumindest bis elo esou gemaach. Wann ech mat hinne schwätzen, mierken ech ëmmer, datt et nach vill aner Leit ginn, déi deeselwecht Usiichten zu ganz ville Sujeten vun der Aktuelitéit hunn ewéi ech. Liesen ech d’Zeitung, lauschteren de Radio oder kucken d’Televisioun, dann hunn ech awer oft den Androck, ech géing -bal- eleng do stoe mat mengen Iwwerzeegungen.
Dat erënnert mech dann erëm un ee Referendum, deen hei zu Lëtzebuerg virun net allze laanger Zäit ofgehaale gouf. Där Referenden hu mer jo net esou vill, an dach schénge verschiddener se ëmmer erëm ganz schnell ze vergiessen. Bei esou Referende si mol 56% eng iwwerleeë staark Majoritéit, mol soll een 80% dach weg net iwwerbewäerten. Lauschtert een eise Politiker no, ass de Referendum iwwerhaapt ee géféierlecht Instrument. Vläicht huet ee jo besser ee Sondage ze froen, an dann dee (richtegen) Echantillon héichzerechnen…
Ech jiddefalls hat keemols den Androck, déi Referenden hätten zu engem méi demokratëschen Ëmgang mat de Leit an hierer Meenung gefouert. Egal wat den Ausgang vu Wahlen oder Referenden ass, geet et scheins nëmmen dorëms, sech duerno d’Réalitéit nees esou zurechtzeleeën, datt dat Ganzt dann erëm beschtens an dat jeeweilegt politëscht Weltbild passt.
Virun e puer Joer huet de Begrëff “Politik-Verdrossenheet” d’Ronn gemaach, an deemols huet dat (ech ginn zou, nëmme kuerz), déi politësch Klass an Europa beonrouhégt. Verwonnerléch ass et schonns, datt dëser Deeg kee méi dat Schlagwuert an de Mond hëlt. Wann ech kucken, wéi Politik ëmmer nach, oder vläit esou guer méi nach wéi virdrun, laanscht de Wëllen vun de Leit gemaach gëtt, da kommen ech net derlaanscht mech ze froen: Wat leeft eigentlech schiif hei zu Lëtzebuerg, hei an Europa? Maachen ech meng Kräizer vläit net däitlech genuch? Ass esou e Kräiz eventuell mëssverständlech? Brauch et vläicht zousätzlech Erklärungen fir net mëssverstanen ze ginn?
Et kann ee mat der Halschent oder der Majoritéit vun de Leit averstane sinn oder och net, mee als gewielte Politiker kann ee se nët ignoréieren, och net da wann déi Majoritéit deejéinegen guer net gewielt huet. Politik maache géint de Wëlle vun de Leit, dat ass dat wat wierklech geféierlech ass. Wann haut de Constat muss gemaach ginn, datt ëmmer méi Wieler an Europa aus der politëscher Mëtt un de Rand ofwanderen, brauch een net laang no den Ursaachen ze sichen. D’Politik huet d’Mëtt vun der Bevölkerung ze laang ignoréiert.