Monthly Archives: April 2016

Wuestem, oder: Wéi kann ech nach méi laang am Stau stoen?

Stitt Dir och all Dag am Stau ewéi ech?

D’Gemengen uerchter d’Land si Joere laang ënner Drock gesaat ginn, fir weider Terrainen ze erschléissen, wat ausserhalb vun de Stied zu enger massiver Zersidelung vun der Landschaft gefouert huet. Verschidde gréisser Gemengen sinn esouguer besonnesch äifreg virgaangen, an hu per Reglement onbebauten Terrainen esou héich besteiert, datt de betraffene Leit bal näischt anescht wäert iwwreg bleiwen wéi ze verkaafen. Eng onvirstellbar a fir eng Demokratie inakzeptabel Form vun Néidegung, déi un Expropriatioun grenzt.

Déi Leit déi dat gutt fonnt hunn, géing ech bieden, sech folgend Situatioun virzestellen: Dir hutt gespuert a Iech dunn ee Stéck Bauland kaaft, fir spéiderhin, fir är Kanner, egal, an elo musst Der op deem Stéck Buedem Dausenden Euro Steieren am Joer bezuelen!

Kierzlech da gouf schéngt’s realiséiert, datt déi Politik erëm zu zousätzleche Verkéiers- an Infrastrukturproblemer féiert. Well d’Leit zwar iwweralll am Land wunnen, mee oft awer anzwousch anescht, meeschtens an der Stad, schaffen. Mat dem Resultat, datt mer zu Lëtzebuerg net méi mam Auto fueren, mee virun Allem stinn. Am Stau nämlech!

An dann ass jo do nach den ëffentlechen Transport. Bussen déi zu Dosenden hallef eidel mat am Stau stinn. Zich déi et och op kierzeste Strecken net fäerdeg bréngen, pénktlech ze sinn. An den Tram, mat deem verschidde Politiker sech en Denkmal setzen, mee deen eis Verkéiersproblemer, déi national a regional, mee net lokal sënn, net léise wäert.

Ze vill Verkéier ass nun emol ze vill Verkéier, egal wéi ech dat dréinen a kéieren.

Dee Verkéier, déi Leit déi bei ons schaffe kommen, déi brauche mir awer, fir eise Wuestem ze ënnerhalen, fir eenzel Leit nach méi räich ze maachen, fir datt mir nach méi oft, méi wäit a méi exklusiv an d’Vakanz kënne goen, fir mat méi engem héige “Standing” ze wunnen a fir mat nach méi engem décken Auto … am Stau ze stoen.

Erlaabt mer eng Fro: Hutt Dir Kanner? Ech, jo. Meng Kanner maache méch stolz. Sie sënn dat wat no mir bleiwt. Sie sënn et, déi mengem Liewen e méi déiwe Sënn ginn. Net d’ Vakanzen, net den Auto, näischt vun all deene Saachen.

Dofir wëll ech menge Kanner ee Land hannerloossen, an deem et nach Freed mécht ze liewen. Keng Bëtongswüst, keng eenzeg, riesegrouss Industriezon, kee stéckege Ballungszentrum. An dofir sënn ech bereet, op villes ze verzichten. Ech wëll keen iwwerdréinte Wuesstem, deen eis all souwisou just krank mécht.

Meng Kanner si meng Zukunft, an och meng Kanner, an hier Kanner, sollen nach eng Zukunft hunn an eisem Ländchen.

Panama papers, Banken a Besserwësser

Et ass ëmmer erëm interessant ze gesinn an ze héieren, wéi verschidde Leit, Organisatiounen a Parteien hei zu Lëtzebuerg – meeschtens déi selwecht –  d’Banken mat Hexen ze verwiessele schéngen a sech bei all sougenannter Affär, déi bei geneeëm Hikucken allerdéngs oft beschtefalls eng “Affärchen” ass, op en Neits op d’Juegt maachen. An dat mat engem erstaunlechem Äifer. U fundéiertem Wëssen feelt et hinnen souwisou, mee dat brauch een och net fir eppes nozeplapperen, wat anerer, seele méi bewandert, an den übleche Medie scho virgeknaat hunn.

Et ass sécherlech net alles an de Banken esou schéin a propper wéi hier Fassaden. Eng Bank ass nun emol eng Entreprise, där hiert Ziel et ass, Benefice ze maachen, an dat an engem ëmmer méi schwieregen, restriktive Kader.

Dës fläisseg Kritiker awer sollten sech emol froen, wou Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger Economie haut wieren ouni d’ Banken? Wéi mir alleguer géinge liewen ouni d’Steieren, déi d’Banken iwwert d’Joere bezuelt hunn an déi Aarbéchtsplatzen, déi d’Banke geschaaf hunn? Wéivill Suen de Staat wuel kënnt ëmverdeelen ouni déi Steieren? Wéi eis Pensiounen ausgesi géifen? Wéivill vun eis vläit ouni Aarbecht wieren? Wéi héich wier eise Mindestloun, wéivill (manner) Leit an Organisatiounen kênnte wuel (gutt) vu generéiser, staatlecher Ënnerstëtzung liewen, a wéivill manner generéis wier eise Sozialsystem? Leeschtungen, déi deene meeschte vun dëse Kritiker nach net héich genuch sënn, mee déi sie permanent a schnellstens wëllen eropgesaat gesinn.

Ech froe mech jiddefalls all Kéiers, ob dës äifreg Kritiker nëmme schlecht schauspilleren, oder ob sie wierklech esou ahnungslos duerch d’Welt spazéieren?

Integratioun an Immigratioun

En Australier (een “Awanderungsland” also, wann och mat ganz strenge Regelen an den Aen vun eis Europäer) huet mer d‘ lescht Joer gesot, Integratioun géing bedeiten, datt eppes neies an eng bestoend “Uerdnung”, e bestoende Kader, integréiert gëtt. Ouni sécher ze stellen, datt et esou e Kader gëtt, an ouni déi Uerdnung oprecht ze halen, kënnt et deemno keng erfollegräich Integratioun ginn.

Dee bestoende Kader muss also kloer definéiert an aktiv gestäipt ginn. Eng ze schnell Verännerung, zum Beispill duerch eng forcéiert Immigration, sief et aus wirtschaftlechen oder anere Grënn, déi ze vill verschidden Aflëss, ze schnell, mat sech bréngt, kann dee bestoende Kader ganz liicht iwwerfuerderen. D’ Kohäsioun bréckelt, den Zesummenhalt an der Gesellschaft verschwënnt, et bilden sech vill parallel Gesellschaften, niefteneen.
E klengt Land mat engem friddlechen Niefteneen vu verschiddene Gesellschaften mat ganz verschiddene Wäertvirstellungen, ass a mengen Aen eng Utopie. An engem rengen Niewenteneen vu ganz verschiddenen Wäerter, Kulturen a Gesellschaften läit de Fonke fir Sträit an Onrou. Wann et keng Gemeinschaft gëtt, zerfällt d‘ Gesellschaft spéitstens a manner gudden Zäiten, wou bei all Mëssel déi eng mam Fanger op déi aner weisen. Wann sech bis esou Rëss opgedoen hunn, kann nëmme vill Zäit derfir suergen, datt déi eenzel Deeler vun der Gesellschaft erëm zesummewuessen. Mir gesinn iwwerall an op allen Nivauen an der EU, wat geschitt, wann Zäit a Mëttel fir Integratioun an Entwéckelung vu Gemeinsamkeete feelen.
Am Privatsecteur fanne mir et normal, datt et an enger grousser Firma eng gemeinsam Sprooch muss ginn, mat där jiddereen sech gutt verstännege kann. Mir fannen et och normal, datt all nei Employéeën déi Sprooch beherrschen oder léieren a sech doranner ausdrécken, datt se der Firma hir Wäerter unhuelen oder zumindest kennen a respektéieren, datt se sech der Firma hirer Kultur upassen an der Firma hirer Geschicht bewosst sinn. Natierlech léiert d’Firma och vun deenen, déi nei erakommen, iwwert d’Zäit, lues awer sécher. Trotzdem géing keen sech erwaarden, datt d’Firma hier eegen Normen a Wäerter kuerzfristeg verwässert oder hier Sprooch ännert. Sprooch, Betribskultur, Leitwäerter a Firmegeschicht ginn als elementar bei der Integratioun vun neie Mataarbechter ugesinn. Et gi Coursen gehalen fir déi nei Mataarbechter anzeféieren, hinnen d’ Sprooch bäizebréngen. De Respekt vun de Leitwäerter ass keng Optioun, mee eng Obligatioun, ouni déi et keen erfollegräicht Zesummeliewen a -schaffen am Betrib gëtt.
E vereinfachten Zougang zur Nationalitéit an e politescht Matbestëmmungsrecht eleng maache keen zefriddestellende Kader fir eng gelongen Integratioun aus. Eng gelongen Integratioun, grad an engem klenge Land wéi eisem, brauch e kloeren, strikten, gesellschaftleche Kader, eng existéierend Uerdnung mat enger gemeinsamer Sprooch a gemeinsam geliewte Wäerter. Déi gemeinsam Wäerter muss ee kennen a respektéieren, an zumindest zum Deel och liewen. Dat brauch Zäit. Integratioun geet iwwert Generatiounen. Gesellschaftlech Wäerter sinn näischt Abstraktes. Eng gemeinsam Geschicht, gemeinsam Erliefnesser, Traditiounen, all dat gehéiert derzou. Och d’ katholisch Religioun ka vun eiser Geschicht a Kultur net einfach getrennt ginn. Egal wat ee gleeft, egal op een an d ‘Kierch geet oder net, et kann een iwwer dausend Joer vun eiser Geschicht net einfach vum Dësch wëschen.
Mir brauchen eng gemälleg Immigratioun and Integratioun, mat där eis Gesellschaft an hir Wäerter iwwert d’ Zäit an ouni Broch evoluéieren.

Manner ass eben heiando méi.

Meenungsfräiheet oder Beleidegungsfräiheet?

Meenungsfräiheet ass ee Grondrecht. Dorunner gëtt et keen Zweifel.

Mee huet fräi Meenungsäusserung absolut keng Grenzen, sou wéi dat dëser Deeg vun eenzelnen behaapt gouf? Wuel kaum, well all ëffentleche Gebrauch vun engem Grondrecht do muss agegrenzt sënn, wou doduerch engem anere säi Grondrecht géing beschnidde ginn.

Ech si kee Frënd vum Här Erdogan, am Géigendeel, dee Mann ass geféierlech. Ech sinn awer och kee Frënd vum Här Böhmermann. Wat den Här Böhmermann heiando ënnert der Iwwerschrëft Satir inszenéiert ass oft grenzwäerteg, an a mengen Aen weder Satir nach soss eng Form vu Konscht.

Ech wier gespaant, wéi verschidde Leit géinge reagéieren, wann am Här Böhmermann sengem mëttlerweil berüchtegte Gedicht net den Numm Erdogan, mee hieren eegenen Numm géing stoen. Wat mech ugeet, géing ech an deem Fall wahrscheinlech net doriwwer laachen.

Ausseminister warnt viru Referenden

E Referendum ass keen adequat Instrument, fir an enger parlamentarescher Demokratie komplex Froen ze beäntweren.

Esou gouf ee vun eise bekanntesten an unerkanntesten Politiker zitéiert. Eng interessant Ausso. Wann de Wieler an engem Referendum seng Meenung äussert, egal ob zu de Froen am Referendum oder indirekt och nach zu aneren Themen, dann däerf een eppes net vergiessen:  De Wieler huet säi Wëllen ausgedréckt, wat och ëmmer seng Ausso oder seng Motivatioun waren. Dee Wielerwëllen däerf net ignoréiert ginn.

An enger parlamentarëscher Demokratie ass de Referendum dat Instrument, dat dem Wieler erméiglecht, säi Wëllen tëscht zwou Wahlen auszedrécken. Dem Wieler dat Recht ze verwieren, verwiert him d’Recht fir bei wichtegen Themen direkt matzeschwätzen.

Ze soen, datt et net dat richtegt Instrument ass, fir méi komplex Froen ze beäntwerten, kann een awer och als Undeitung verstoen, datt esou komplex Problemer de Wieler iwwerfuerderen.

Op jidde Fall ass esou eng Ausso ondemokratësch an ech Frechheet géintiwwer dem Wieler, en Ausdrock vun Iwwerhieflechkeet an ofgehuewe sinn. D’Politiker wësse  besser (menge sie), wat fir eis richteg ass, wéi mir selwer.

Abee, et gi Länner wou eng méi direkt Demokratie schonns laang fonctionnéiert. Munnechmol sinn déi Äntwerten déi ee vum Vollék kritt net bequem, mee si sinn op jidde Fall ze respektéieren.

Aussoen, déi dem Wieler esou ee Recht verwieren oder hien als net amstand bezeechnen, déi komplex Hannergrënn vun de Froen ze verstoen, si mat Schold drun, datt d’Onzefriddenheet an der Bevölkerung mat der politëscher Klass, oder besser gesoot, mat der politëscher Kast, ëmmer méi grouss gëtt.

Minoritéit a Majoritéit

Eigentlech sënn ech e Mënsch, dee ganz vill Wäert leet op säi Privatliewen. Ech sinn net bei Facebook, an och net bei Twitter, schreiwen och (nach) keng Lieserbréiwer. Schreiwen maachen ech eigentlech nëmme wann ech muss.
Wat ech denken, deelen ech nëmme meng gudde Frënn a Bekannte mat, deene richtegen, net deene virtuellen. Oder hunn dat zumindest bis elo esou gemaach. Wann ech mat hinne schwätzen, mierken ech ëmmer, datt et nach vill aner Leit ginn, déi deeselwecht Usiichten zu ganz ville Sujeten vun der Aktuelitéit hunn ewéi ech. Liesen ech d’Zeitung, lauschteren de Radio oder kucken d’Televisioun, dann hunn ech awer oft den Androck, ech géing -bal- eleng do stoe mat mengen Iwwerzeegungen.
Dat erënnert mech dann erëm un ee Referendum, deen hei zu Lëtzebuerg virun net allze laanger Zäit ofgehaale gouf. Där Referenden hu mer jo net esou vill, an dach schénge verschiddener se ëmmer erëm ganz schnell ze vergiessen. Bei esou Referende si mol 56% eng iwwerleeë staark Majoritéit, mol soll een 80% dach weg net iwwerbewäerten. Lauschtert een eise Politiker no, ass de Referendum iwwerhaapt ee géféierlecht Instrument. Vläicht huet ee jo besser ee Sondage ze froen, an dann dee (richtegen) Echantillon héichzerechnen…
Ech jiddefalls hat keemols den Androck, déi Referenden hätten zu engem méi demokratëschen Ëmgang mat de Leit an hierer Meenung gefouert. Egal wat den Ausgang vu Wahlen oder Referenden ass, geet et scheins nëmmen dorëms, sech duerno d’Réalitéit nees esou zurechtzeleeën, datt dat Ganzt dann erëm beschtens an dat jeeweilegt politëscht Weltbild passt.
Virun e puer Joer huet de Begrëff “Politik-Verdrossenheet” d’Ronn gemaach, an deemols huet dat (ech ginn zou, nëmme kuerz), déi politësch Klass an Europa beonrouhégt. Verwonnerléch ass et schonns, datt dëser Deeg kee méi dat Schlagwuert an de Mond hëlt. Wann ech kucken, wéi Politik ëmmer nach, oder vläit esou guer méi nach wéi virdrun, laanscht de Wëllen vun de Leit gemaach gëtt, da kommen ech net derlaanscht mech ze froen: Wat leeft eigentlech schiif hei zu Lëtzebuerg, hei an Europa? Maachen ech meng Kräizer vläit net däitlech genuch? Ass esou e Kräiz eventuell mëssverständlech? Brauch et vläicht zousätzlech Erklärungen fir net mëssverstanen ze ginn?
Et kann ee mat der Halschent oder der Majoritéit vun de Leit averstane sinn oder och net, mee als gewielte Politiker kann ee se nët ignoréieren, och net da wann déi Majoritéit deejéinegen guer net gewielt huet. Politik maache géint de Wëlle vun de Leit, dat ass dat wat wierklech geféierlech ass. Wann haut de Constat muss gemaach ginn, datt ëmmer méi Wieler an Europa aus der politëscher Mëtt un de Rand ofwanderen, brauch een net laang no den Ursaachen ze sichen. D’Politik huet d’Mëtt vun der Bevölkerung ze laang ignoréiert.