Author Archives: admin

Diktatur

Mir stellen eisen demokratesche Modell anere gären als Virbild dohinner. Dobäi bewege mir eis schläichend zanter laange Joeren ëmmer méi ewech vun deem wat Demokratie bedeit.

Weltstrategesch Decisioune gi vum G20 geholl, engem Muechtorgan dat jeglecher, demokratescher Legitimitéit entbiert.

Europawichteg Decisioune ginn zu Bréissel geholl, vun engem Ministerrot, deen iwwert dee Wee déi demokratesch Prozesser a kritesch Froen an den eenzelne Länner emgoe kann, a ginn dann ëmgesaat vun enger Kommissioun déi kee vun eis gewielt huet. Wie schwätzt haut nach vu Subsidiaritéit?

Hei am Land fanne sech an eiser Regierung ëmmer méi Leit ouni demokratesch Legitimatioun, an an eiser Chamber sëtzen dank dem Noréckelen ëmmer nach Leit, déi eigentlech ofgewielt goufen. Dir kënnt wiele wien der wëllt, skrupelos Politiker bastele sech eng « fake » Legitimatioun an e Programm zesummen, dee kee vun eis esou wollt.

Déi allgemeng Fräiheeten vun der grousser Majoritéit vun der Populatioun ginn ënnert den Virwand vun néidege Mesuren, fir géint Verstéiss vun eenzelen virzegoen, ëmmer méi duerch Gesetzer, Reglementer a Kontrollen ageschränkt, amplaz dat kriminellt Behuele vun enger Minoritéit ofschreckend ze bestrofen.

De private Besëtz, ee vun de Pilieren vun enger fräier Gesellschaft, kënnt ëmmer méi ënner Drock.

D’Diktatur vum grénge Sozialismus steet virun der Dir.

Vandalismus a Gewalt

Vandalismus a Gewalt am ëffentleche Raum, Abréch an Iwwerfäll huelen zou.

Et ass oft eng organiséiert Gewalt vu Banden a Cliquen déi der Police bekannt sinn, mee géint déi de Staat wéineg ënnerhëllt an där deen Eenzelnen total ausgeliwwert ass. D’Policereform huet fir manner Präsenz gesuergt, et vergeet oft eng hallef Éiwegkeet bis eng Patroull kënnt, déi sech dann of drop beschränkt Protokoll ze erstellen.

De Staat mecht wéineg fir de Bierger ze schützen, net doheem an net an der Ëffentlechkeet. Et muss een sech hallef dout schloe loossen bis een sech wieren däerf a während d’Täter ëmmer mat illegale Waffen ënnerwee sinn däerf de Bierger mol déi Verdeedegungsmëttel benotzen déi an anere Länner legal dofir agesaat kënne ginn. 

D’Politik propagéiert weider d’Märchen vun enger friddlecher an zefriddener Gesellschaft, dat mat der Realitéit ëmmer manner ze dinn huet a geet streng géint déi Leit vir, déi d’Problemer mam Numm nennen während d’Täter weider fräi erëmlaafen däerfen.

Oligo-kakisto-partikratie

Mier liewen an enger Oligo-kakisto-partikratie.

Eng Oligokratie, well trotz de Prinzipie vun enger parlamentarescher Demokratie, d’Land vun enger klenger Kast vu Persounen a Famillen dominéiert a regéiert gëtt.

Eng Kakistokratie, well et zwar déi am beschte vernetzten, awer an der Regel déi am mannste kompetent a charakterlech  am wéinegste gëeegent Persoune sënn. Egoismus an Egozentrismus bis hin zur Egomanie dominéieren;

Eng Partikratie, well déi etabléiert Parteien mat hiere Parteistrukturen, Partei- a Wahlprogrammer dat Instrument sënn, mat deem si sech hier Muecht, hier Dominanz an hier opportunistesch Interesse sécheren.

Dofir: Oligo-kakisto-partikratie.

Net méi mäi Land (Fortsetzung)

• Accident mat 3 Doudegen an 1 Schwéierverletzten. Politik: Mir brauche méi Radaren!
• Messerpickerei virun engem Bistro. Politik: Täschemessere si Waffen; et muss een driwwer nodenken, se ze verbidden!
• Brutalen Iwwerfall nuets an der Géigend vum Park. Police: D’ Leit sollten esou Platze meiden wann et däischter ass!
• Eng Schossverletzung no engem Sträit. Politik: Mir brauche méi streng Waffegesetzer!

Ëmmer da wann eng Minoritéit sech net ze behuele weess, kee Respekt weist virun hire Matbierger a virun de Gesetzer, da kënnt d’ Politik mat der décker Schlo an heet op d’ Allgemengheet.
Déi di dat verursaacht hunn, déi komme ganz gutt ewech. Wa si keng Widderhuelungstäter sinn souwisou. D’ Justiz a virun Allem d’ Politik maache sech et einfach. Amplaz spezifesch, streng an ofschreckend géint déi Minoritéit virzegoen, déi sech net un déi bestoend Regelen hält , huele si zousätzlech Mesuren géint d’ Allgemengheet. Esou gëtt déi individuell Fräiheet vu jidderengem ëmmer méi ageschränkt.

Huet dat e positiven Effekt? Natierlech net. Kommt mer elo net mat Statistiken; mat deenen kann een Alles beweisen wat ee wëllt, de Fir grad wéi och de Widder. Et ka jo näischt dengen. Déi di een als Verursaacher bezeechne kann, gi kaum, a wann dach emol da mat wéineg bestrooft; si komme gutt ewech, hiren Affekot huet hinne gesot wat déi maximal Strof hätt kënne sinn and hier Konklusioun kann also nëmmen eng sinn: Meng Strof ass geréng ausgefall, also kann dat wat ech gemaach hunn net esou schlëmm gewiescht sinn. Eng Léier zéien si dorauser nët, am Géigendeel. All puer Deeg gëtt ee mam Auto ugehalen, dee scho kee Führerschäi méi hat, deem säin Auto net ugemellt ass an deen och keng Versécherung huet. Wat geschitt him da schonn? 6 Méint méi laang Führerschäinentzuch? Dat huet hie bis elo jo och net gekëddelt.

D’ Allgemengheet awer gëtt wéinst där Minoritéit ëmmer méi a senge Fräiheeten agëenkt (an ass ëmmer méi onzefridden). Allgemeng gesinn ass d’ Politik vun haut eng Politik am Interessi vu Minoritéiten, an esou oft géint déi vun der breeder Majoritéit. Et ginn allgemenggëlteg Norme geschaf fir oder wéinst Minoritéiten, munnechmol zu Laaschten oder jiddefalls net am Interessi vun der Majoritéit.

Déi Minoritéit vun där ech ugangs geschwat hunn, déi gëtt ëmmer méi grouss. Si wiisst iwwerproportional zum scho schnelle Wuesstem vun der Bevëlkerung heiheem. Iwwert e méiglechen Zesummenhang mat der forcéierter Immigratioun an der Onméiglechkeet vun enger anstänneger Integratioun déi sech dorauser ergëtt kann ee spekuléieren, mee och dat allgemengt Recht op fräi Meenungsäusserung ass ëmmer méi ageschränkt.
Zesummeliewe brauch gemeinsam Normen, Regelen a Wäerter. Zesummeliewe vun ëmmer méi Leit op ëmmer manner Raum brauch gemeinsam Wäerter a Regelen nach méi dréngend. Et brauch net méi Regelen, mee déi bestoend Regelen an Normen musse méi strikt agehale ginn.

Dofir brauche mir eng Police déi Präsenz weist an de Quartieren. Eng Justiz déi duerchgräift wann d’ Regele bewosst net agehale ginn.
Eng Politik déi mat Kompetenz a Verstand am Interessi vun der breeder Allgemengheet handelt, mee bon, dat ass erëm e Sujet ganz fir sech…

Net méi mäi Land

Kennt Dir déi vergiessen 2. Strophe aus der Heemecht :
“ An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soë kann,
An ‘t si keng eidel Dreem:
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
wéi as ‘t sou gutt doheem! “

Nun, et wier vläit un der Zäit dësen Text un d’Realitéit vun haut unzepassen :

“Vum donkele Bëscherkranz bleift wéineg,
Kee Krich, mee och keng friddlech Stëllt,
Pronk a Glanz sënn dat wat gëllt;
D ‘Gemittlechkeet huet misse wäichen,
Doriwwer d ‘Freed sech hält a Grenzen,
Well t ‘ass kee Liewen wéi gedreemt,
Keen heemlecht Wunnen;
Dëst Land ass net méi mäin Doheem.

Wuesstem-Landesplanung-Verkéierskonzepter

Wann et eng Thematik gëtt bei där sech d’Konzeptlosegkeet vun der Politik ëmmer erëm weist, dann déi hei.

Et gëtt u Léisunge gebastelt déi, esou verspreechen se all, eis Zukunft besser maache wäerten. Treffe sech op eiser léifster Tëlee, propagéieren munnech abstrus Iddi fir iwwert feelend Léisungen, Courage a Kompetenz ewechzetäuschen, a klappen sech duerno géigesäiteg op d’Schëller. An dat Ganzt mat (ëmmer manner) Iwwerzeegung.

Tram bis op Leideleng: Hëlleft de Leit déi op der Escher Autobunn am Stau stinn iwwerhaapt net, well wann een et bis Leideleng gepackt huet, da rullt et. De Problem läit virdrun: ze vill Opfahrten ze no beieneen (och hei hu mer, de Kierchbierg weist et, näischt bäigeléiert), ze vill Frontalieren, ze vill nei Résidenten, déi am Süde wunnen, mee an der Stad schaffen.

Tram iwwerhaapt: Ass keng Léisung fir déi Leit déi net no um Tracé schaffen. Am Géigendeel, fir vill Leit wäert et eng Verschlechterung sënn, well se eng Kéier méi mussen ëmklammen oder méi wäit zu Fouss goe mussen.

Zäit verléiert een ënmer dann an do, wou een sech net beweegt. Lëtzebuerg ass kleng, d’Strecke fir op d’Aarbecht së relativ kuerz. Wann et (och nëmme lues) rullt, ass een eenegermoosse schnell do. Waat d’Dauer vum Trajet staark eropdréckt ass déi Zäit wou een net rullt, egal op am Zuch, Tram oder Auto. Dat ass also z.B. wann een am Stau steet, mee och wann den Zuch oder Tram stallhält a wann een ëmklammen an op eng Verbindung waarde muss. Wann den Tram mech zwéngt fir eng Kéier méi ëmzeklammen, hunn ech ma liicht 10 min zousätzlech, déi ech verléieren. 10 min, dat ass déi Zäit déi ech op engem net-Schaffdag brauch fir de ganzen Trajet vun Esch bis an d’Stad. Et ass mir dofir onverständlech, datt e Minister stolz ass op eng méiglechst grouss Zuel vu “Pôles d’échange” déi geschaaf ginn.

Datt e méi luese Verkéier besser fléisse kann, wann e méi klengen Ënnerscheed tëscht deenen déi méi schnell oder méi lues fueren net méi zum permanenten Ofbremsen a Gas ginn zwéngt, do brauch ee keng Etuden ze maachen. Et ass evident. Bis eppes geschitt fir déi Evidenz ëmzesetzen, wäert awer nach Joeren daueren. Mir schaafe Pseudo-Velospisten op der Strooss op deenen et liewensgeféierlech fueren ass, verbidden awer och weiderhinn villen E-bikes an Ähnlechem, doropper ze fueren.
Leider brauche mir vill ze laang fir eis der Evolutioun vum Verkéier unzepassen, well mer ëmmer fir déi einfachst Decisiounen op eng Etude, Europäesch Direktiv oder déi nächst Regierung waarde mussen. D’Realisatioun vu Projeten dauert Joerzéngten. Wann da gehandelt gëtt ass d’Situatioun awer erëm eng ganz aner: nei Bauprojete goufem emgesaat, nei Aktivitéitszonen sinn entstanen an, de Verkéiersfloss huet sech verlagert. Gott sei Dank sënn dann awer och nei Regierungen do, déi hiere Virgänger d’Schold fir alles kënne ginn.

Et feelt un engem Gesamtkonzept. Wuesstem produzéiert Verkéier, Wuesstem a Verkéier brauche Landesplanung. Vill Iddie gi lancéiert, veloh, carloh, Liften, mam Velo op d’Schaff asw, déi fir Minoritéiten duerchaus interessant kënne sënn. D’Majoritéit awer, déi gëtt wéi ëmmer am Stach gelooss, well et fir d’Majoriritéit keng esou einfach Léisunge gëtt. Léisunge fir d’Majoritéit fannen, dat erfuerdert Kompetenz.

Kierchefabrécken

Nach eng Petitioun déi een ënnerstëtze sollt.

Villes gouf heizou schonns geschriwwen, speziell an den (a)soziale Medien an ob de beschtbekannten Noriichtesitten op Internet.

Déi meescht vun dëse Kommentaren sinn offensichtlech absolut onbeaflosst vu iergendwelchem Sachverstand. Wann Ignoranten ënnert sech diskutéieren erhiewen se hier Onwëssenheet zur Fachkenntnes.

Tatsaach ass, datt iwwert d’Joerzéngten vill Lëtzebuerger “hierer” Kierchefabréck Donen a Schenkunge gemaach hunn, well si wollten, datt déi fir den Erhalt vun “hierer” Duerfkierch an “hierer” Par, wou si begruewe sinn, géinge benotzt ginn. Hätten déi Leit gewollt, datt de Bistum dat kréich, dann hätte si dem Bistum déi Donen a Schenkunge direkt selwer maache kënnen. Hei plangt eis Regierung also net nëmmen d’Kierchefabrécken ze enteegenen, mee Regierung a Bistum féiere déi Donen esou och nach engem aneren Zweck zou wéi dat vun de Leit gewollt war.

All dat aus reng ideologeschen Iwwerleeungen vun enger Partei, déi nëmmen ee Fënneftel vun de Wielerstëmme krut.

http://chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=795

Spaassgesellschaft

Vun der Schivakanz op deen een oder anere Citytrip, duerno Päischtcroisière an eng méiglechst exotesch a laang Summervakanz. Fir d’Zäit dertëscht besser ze iwwerbrécken a sech -kuerz- un dat grad Erlieftent ze erënneren, ass déi eng oder aner Aprèsski, Beach-, Ballermannparty oder Oktoberfest-Imitatioun heiheem e Must. Wien et léiwer méi elitär a manner pöbelhaft huet muss natierlech éischter op engem Golf-, Pärds- oder Poloturnéier gesi ginn.

Schnell nach déi leschte Biller an Erliefnesser posten a sech iwwert vill “Likes” freeën. Esou gëtt et d’ganzt Joer iwwer Spaass fir jiddereen. Mir sinn eng Spaassgesellschaft. Wat kee Spaass mecht muss verdrängt ginn. Mir wëllen eis jo keng Gedanken, a scho guer keng Suerge misse maachen. Am beschten also wann dofir guer keng Zäit bleift. Wann deen nächsten Highlight ëmmer scho kuerz bevirsteet. Liewen am Hei an Elo, d’Vergaangenheet ass weder wichteg nach interessant, d’Zukunft interesséiert nëmme wann et drëm geet deen nächsten Highlight ze plangen.

Net ze vergiessen: Heiando nach en Intelligenz- a Kompetenzbefreite Kommentar zu iergend engem Sujet op RTL.lu ofginn, wat e Stress! D’Liewen zu Lëtzebuerg ass jo esou eppes vun ustrengend fir en engagéierte Bierger!

“Dekadenz: kultureller Niedergang mit typischen Entartungserscheinungen in den Lebensgewohnheiten und Lebensansprüchen; Verfall, Entartung”
(Duden)

Alles an der Rei zu Esch?

Ech wunnen zanter iwwer 20 Joer zu Esch, mee denken déi lescht Méint ëmmer méi oft driwwer no, fort ze plënneren.

Interessanterweis ass grad an deem Zäitraum, wou d’ Escher Buergermeeschtesch grouss Fortschrëtter gesäit, d’Situatioun a mengem Quartier onzoumuttbar ginn. Kaméidi bis spéit an d’ Nuecht, Gruppen vu opgeputschte Leit déi em 3 Auer an der Nuecht mat Gejäiz a Radau duerch de Quartier zéien, Autos- a Motoscoursen duerch d’Stroossen, Bistroen an deenen d’Musek bei oppenen Dieren a Fënsteren bis an de Mueren era leeft, Vandalismus, all dat ass reell an huet staark zougeholl. D’Ursaachen leie gréisstendeels ebe just an deene Bistroen, déi sech u keng Regelen halen.

Wann ee bei der Police urifft, héiert een, et wier keng Patroull disponibel deen Ament, mee et gëtt een den Androck net lass, datt alles wou keng blank Gewalt am Spill ass, si net sonnerlech interesséiert. Vun der Gemeng kritt een iwwerhaapt keng Äntwert wann ee schreift. Ech hunn duerchaus Versteesdemech fir de Problem vum Personalmangel bei der Police an hoffen, datt sech do eppes ännert, mee och an anere Beruffer ass vill Aarbecht eleng net ëmmer eng valabel Entschëllegung.
Eis Politik reagéiert mat Repressioun do, wou d’Kar schonn am Dreck stécht, wann alt erëm ee Jonken wéinst Alkohol an ze héijer Vitesse leie bliwwen ass, wann alt erëm ee Foussgänger ugestouss gouf. Op där Platz muss dann e Radar hinn, aus enger 50er muss eng 30er Zone ginn, onbedéngt!

Mee Ursaachebekämpfung, do wou d’Problemer entstinn, an deene Bistroen wou de Wiert seng (Stamm-) Clienten nach ëmmer weider zerwéiert, obschonns hie weess, datt si duerno mat 1,2 Promill mam Auto fortfueren an obschonns hie souwisou scho laang misst zou hunn, do wou also d’Police präventiv kënnt virgoen, do geschitt kaum eppes.
An also geet et virun, Motoren déi haulen, Pneuen déi quiitschen an dämpen, mat honnert rondrëm de Block wou eigentlech nëmmen drësseg erlaabt ass, Kläppereien a Vandalismus un Autoen a Gebaier.

Zesummeliewen brauch Regelen, a wann dofir gesuergt géing ginn, datt d’Regelen vum gesellschaftlechen Zesummeliewen am Klengen agehale ginn, géif et manner Exzesser ginn. Hei awer gi Minoritéite geschount, zu Laaschten vun der Allgemengheet.