Spaassgesellschaft

Vun der Schivakanz op deen een oder anere Citytrip, duerno Päischtcroisière an eng méiglechst exotesch a laang Summervakanz. Fir d’Zäit dertëscht besser ze iwwerbrécken a sech -kuerz- un dat grad Erlieftent ze erënneren, ass déi eng oder aner Aprèsski, Beach-, Ballermannparty oder Oktoberfest-Imitatioun heiheem e Must. Wien et léiwer méi elitär a manner pöbelhaft huet muss natierlech éischter op engem Golf-, Pärds- oder Poloturnéier gesi ginn.

Schnell nach déi leschte Biller an Erliefnesser posten a sech iwwert vill “Likes” freeën. Esou gëtt et d’ganzt Joer iwwer Spaass fir jiddereen. Mir sinn eng Spaassgesellschaft. Wat kee Spaass mecht muss verdrängt ginn. Mir wëllen eis jo keng Gedanken, a scho guer keng Suerge misse maachen. Am beschten also wann dofir guer keng Zäit bleift. Wann deen nächsten Highlight ëmmer scho kuerz bevirsteet. Liewen am Hei an Elo, d’Vergaangenheet ass weder wichteg nach interessant, d’Zukunft interesséiert nëmme wann et drëm geet deen nächsten Highlight ze plangen.

Net ze vergiessen: Heiando nach en Intelligenz- a Kompetenzbefreite Kommentar zu iergend engem Sujet op RTL.lu ofginn, wat e Stress! D’Liewen zu Lëtzebuerg ass jo esou eppes vun ustrengend fir en engagéierte Bierger!

“Dekadenz: kultureller Niedergang mit typischen Entartungserscheinungen in den Lebensgewohnheiten und Lebensansprüchen; Verfall, Entartung”
(Duden)