Alles an der Rei zu Esch?

Ech wunnen zanter iwwer 20 Joer zu Esch, mee denken déi lescht Méint ëmmer méi oft driwwer no, fort ze plënneren.

Interessanterweis ass grad an deem Zäitraum, wou d’ Escher Buergermeeschtesch grouss Fortschrëtter gesäit, d’Situatioun a mengem Quartier onzoumuttbar ginn. Kaméidi bis spéit an d’ Nuecht, Gruppen vu opgeputschte Leit déi em 3 Auer an der Nuecht mat Gejäiz a Radau duerch de Quartier zéien, Autos- a Motoscoursen duerch d’Stroossen, Bistroen an deenen d’Musek bei oppenen Dieren a Fënsteren bis an de Mueren era leeft, Vandalismus, all dat ass reell an huet staark zougeholl. D’Ursaachen leie gréisstendeels ebe just an deene Bistroen, déi sech u keng Regelen halen.

Wann ee bei der Police urifft, héiert een, et wier keng Patroull disponibel deen Ament, mee et gëtt een den Androck net lass, datt alles wou keng blank Gewalt am Spill ass, si net sonnerlech interesséiert. Vun der Gemeng kritt een iwwerhaapt keng Äntwert wann ee schreift. Ech hunn duerchaus Versteesdemech fir de Problem vum Personalmangel bei der Police an hoffen, datt sech do eppes ännert, mee och an anere Beruffer ass vill Aarbecht eleng net ëmmer eng valabel Entschëllegung.
Eis Politik reagéiert mat Repressioun do, wou d’Kar schonn am Dreck stécht, wann alt erëm ee Jonken wéinst Alkohol an ze héijer Vitesse leie bliwwen ass, wann alt erëm ee Foussgänger ugestouss gouf. Op där Platz muss dann e Radar hinn, aus enger 50er muss eng 30er Zone ginn, onbedéngt!

Mee Ursaachebekämpfung, do wou d’Problemer entstinn, an deene Bistroen wou de Wiert seng (Stamm-) Clienten nach ëmmer weider zerwéiert, obschonns hie weess, datt si duerno mat 1,2 Promill mam Auto fortfueren an obschonns hie souwisou scho laang misst zou hunn, do wou also d’Police präventiv kënnt virgoen, do geschitt kaum eppes.
An also geet et virun, Motoren déi haulen, Pneuen déi quiitschen an dämpen, mat honnert rondrëm de Block wou eigentlech nëmmen drësseg erlaabt ass, Kläppereien a Vandalismus un Autoen a Gebaier.

Zesummeliewen brauch Regelen, a wann dofir gesuergt géing ginn, datt d’Regelen vum gesellschaftlechen Zesummeliewen am Klengen agehale ginn, géif et manner Exzesser ginn. Hei awer gi Minoritéite geschount, zu Laaschten vun der Allgemengheet.